Léif Kollegen aus der Oltimerszeen,

Ee Versuch war et wäert! 😊

Leider war den Echo op eis Invitatioun fir den World Café am CNVH net sou grousst wéi mer eis dat erwaart haten – mir kruten just en Feedback vun 3 Clibb. Vun deenen aneren hu mer leider guer keng Réckmeldung kritt.

Deemno annuléieren mir den Event vum 21. Januar nees.

Mir invitéieren iech trotzdeem fir d’MG-Ausstellung am CNVH nach bis Enn Abrëll kucken ze kommen,  bei Intressi kënne mer och gären eng Visite guidée fir är Clibb organiséieren – dir erreecht eis iwwert déi bekannten Adressen.

Bis geschwënn op engem vun den sëllegen Evenementer 2024, alles Guddes nach fir dat neit Joer!

Léif Gréiss,
den MG Car Club, zesummen mam CNVH